Klassik aktuell
En Orchester fir déi ganz Stad
Den 12. August 1919 entsteet zu Tréier eng "Philharmonesch Gesellschaft", där hire But et ass, e professionellen Orchester op d'Been ze stellen. D'Affär geet schëtzeg virun, well schonn am Oktober ass deen éischte Concert. 100 Joer no dësem historesche Stéchdatum feiert den Orchester säi Centenaire während enger ganzer Woch. E Sonndeg (20.10.2019) geet et lass mat engem Familljeconcert. Aacht Deeg drop (27.10.2019) ass dann de grousse Festconcert a Sankt Maximin mat der 7. Symphonie vum Anton Bruckner.