arrow_back_ios
CD-Klassik
Dem Mahler säin Titänli
Mat der Bezeechnung "Titan" ass ze verstoen, datt déi éischt Symphonie vum Gustav Mahler sech kolossal unhéiert. Mat "Titänli" proposéiert de MythenEnsembleOrchestral dem Komponist seng Symphonie awer an enger reduzéierter Form fir Kammerensembel. Allerdéngs soll dësen Titänli net als vereinfacht Versioun gëllen, ganz am Géigendeel. De Manuel Ribeiro ass vun der Approche a vun der Opnam iwwerzeegt.