CD-Klassik
Vivaldi - double face
Venedeg riskéiert, an der Lagun ënnergoen, wann de Klima sech weider esou rapid verännert. Et ass net méi "La Serenissima", an där virun iwwer 300 Joer den Antonio Vivaldi gelieft huet. An esou kann een och net méi eng vu senge populäerste Kompositioune spillen, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. Mat dëser Iddi sinn den Ensemble I Solisti Aquilani an den Daniele Orlandi an eng Kierch gaangen an hunn "Le quattro stagioni" an enger duebeler Lecture opgeholl.