CD-Klassik
Between Heaven & Hell
10 min
Dem Franz Liszt seng Musek ass keen onbekannten Terrain méi fir de Joseph Moog. Dat verhënnert net, datt de Pianist sech op sengem neien Disk mat Wierker ausenanersetzt, déi hie bis elo nach net esou dacks gespillt huet - virun allem déi gewalteg Sonate a si mineur. "Between Heaven and Hell" - "ech wëll all d'Facettë vum Franz Liszt senger Musek weisen", esou erkläert de Joseph Moog den Titel vu sengem neien Album.