D'Tracey Lamberty-Wohles spillt Trompett an der Centser Musek an a villen aneren Ensemblen. D'Musekerin war an deene leschte Jore reegelméisseg Laureatin vum Concours national pour jeunes solistes vun der UGDA. Och dëst Joer ass Tracey Lamberty-Wohles nees beim Concours dobäi, dann allerdéngs als Member vum europäesche Jugendharmonieorchester ënner der Leedung vum Jan Cober, deen den Ofschlossconcert vum Concours en nächste Sonndeg (10.11.2019) spillt.
Iwwer de Concours an den Orchester
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow