CD-Klassik
Bannenzegt Kraaft
16 min
Den Anton Bruckner krut seng 9. Symphonie net méi fäerdeg. Vum Finale gëtt et just Skizzen, an déi meescht Dirigenten - och de Manfred Honeck - halen näischt dovun, eng vun der rekonstruéierte Versiounen ze spillen. "Dem lieben Gott" notéiert de Bruckner un de Wupp vun der Partitur, an esou liest och de Manfred Honeck dës Symphonie, déi hien elo mam Pittsburgh Symphony Orchestra opgeholl huet.