CD-Klassik
"Mannagia Amore" mam Ensembel La Cicala
Dem Giuseppe Porsile seng Musek ass haut zimlech vergiess. Zu senger Zäit huet hien awer als ee vun de wichtegsten italienesche Komponiste gegollt. De Porsile war Kammerkomponist um Habsburger Haff an huet vill wonnerschéi vokal an instrumental Wierker hannerlooss. Den Ensembel La Cicala huet beim Label Passacaille en Disk erausginn, op deem een dem Porsile seng Kantat fir Sopran entdecke kann. En Disk mat vill Delikatess a Léift zur italienescher Barockmusek, mengt de Manuel Ribeiro.