Klassik aktuell
Lëtzebuergesch Kompositioune mam Luxembourg Brass Ensemble
Well iwwer 40 Joer existéiert de Luxembourg Brass Ensemble. Et ass eng Formatioun, déi vun e puer motivéierte jonke Museker aus dem Stater Conservatoire gegrënnt gouf. Zanter den éischte Joren hunn d'Blechbléiser Stécker vu Lëtzebuerger Komponisten op d'Bün bruecht. An där Traditioun steet och de Concert muer den Owend (19.11.2019) am Stater Conservatoire. Um Programm stinn zwou Uropféierunge vum Camille Kerger a vum Johny Fritz.
De Luc Boentges huet mam Trompettist Pierre Kremer iwwer dëse Concert geschwat.