arrow_back_ios
CD-Klassik
E gelongenen Debut
2017 gewënnt den Ensemble Ouranos den éischte Präis, de Publikumspräis an och den Internet-Präis beim Concours International de Musique de Chambre de Lyon. Et war deen éischte grousse Schrëtt am Ensembel senger Geschicht. Deen zweeten hunn déi fënnef Museker elo mat der Publikatioun vun hirem éischten Disk realiséiert. Um Programm sti Wierker vun de Komponisten Antonín Dvořák, Carl Nielsen a György Ligeti.