arrow_back_ios
CD-Klassik
Continuo, addio
Trotz de sëllegen, exzellenten Ensembelen, déi sech antëschent op d'Barockmusek spezialiséiert hunn, ass et ee Genre, deen nach ëmmer muss eng Grëtz struewelen, fir unerkannt ze ginn - et sief dann, et geet ëm Nimm wéi Bach oder Händel. Déi fënnt een net op dem neien Disk vum Duo Tartini, dofir eng ganz Palett vu Musek, wéi se am 18. Joerhonnert queesch uechter Europa gespillt gouf - barock Kammermusek an engem monteren Tête-à-tête.