arrow_back_ios
CD-Klassik
Dem Mozart seng Helden
An all Oper ginn et Helden an Antihelden. Och beim Mozart ass et net ëmmer kloer, op den Held wierklech een ass. Den däitschen Tenor Daniel Behle huet mam Orfeo Barockorchester en Disque mam Titel "Zero to Hero" - Arien aus Opere vum Wolfgang Amadeus Mozart. Net just dem Daniel Behle seng Stëmm iwwerzeegt, mee d'Charakteren, déi e senge Personnagë gëtt. Genee esou iwwerzeegend ass den Orchester mat der Dirigentin Michi Gaigg, mengt de Manuel Ribeiro.