arrow_back_ios
CD-Klassik
En orchestrale Klang um Piano
Den aktuellen Disk vun de Pianiste Maria Ivanova an Alexander Zagarinskiy ass mat Orchesterwierker gefëllt. Um Programm stinn ënner anerem Transkriptioune fir Piano zu véier Hänn vum Mikhail Ippolitov-Ivanov senge "Kaukasesche Suitten" a senger "Rhapsodie Arménienne". Trotz der Reduktioun op just een Instrument, iwwerzeegt dësen Disk duerch säin orchestrale Klang.