arrow_back_ios
CD-Klassik
Bach-Kenner a -Bewonnerer
"Es gibt nichts so Kompliziertes in unserer modernen Harmonik, was nicht der alte Bach längst vorweg genommen hätte" - de Max Reger hat ee ganz perséinlecht, déif, fir net ze soen intiimt Verhältnes zu sengem groussen Idol J.S. Bach. Et ass him gaange wéi villen anere Komponisten: E bedeitende Virgänger aus der Museksgeschicht huet misse fir dat eegent Selbstverständnis als Komponist duerhalen. De Reger huet ëmmer nees eege Musek iwwer Bach-Theeme geschriwwen. Seng Variatiounen Opus 81 gëtt et elo an enger Orchestertranskriptioun.