arrow_back_ios
CD-Klassik
An der Traditioun vun der Romantik
Seng Schüler a seng Frënn hunn hien a puncto Renommée wäit iwwertrompt: De Josef Labor war e bedeitende Pianist am 19. Joerhonnert an huet och en etlech Kompositiounen hannerlooss: ausser engem Geieconcerto virun allem Kammermusek. Säi Pianosquartett a -quintett gëtt et elo an enger neier CD-Opnam.