arrow_back_ios
Klassik aktuell
En Debutant
Millioune vu Mënsche wäerten den 1. Januar 2020 nees beim Radio sëtzen, fir beim Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker dobäi ze sinn. Och de radio 100,7 iwwerdréit erëm live vun 11 Auer un. Nom Christian Thielemann, deen d'Joer 2019 als Dirigent musikalesch agelaut huet, ass et um Andris Nelsons fir d'Neijoerschwënsch mat Musek vun der Strauss-Dynastie uechter d'ganz Welt ze schécken.
Musek