CD-Klassik
Dante, Tasso an e Künstlerfestzug
7 min
Dem Dante seng "Divina Commedia" war eent vun dem Franz Liszt senge Liblingswierker aus der Literatur. Ëmmer erëm huet hie se gelies an eenzel Passagen ënnerstrach. 1837 entstinn déi éischt Skizze fir e Wierk fir Piano, dat hien eréischt ronn 20 Joer méi spéit als "Après une lecture de Dante, fantasia quasi sonata" publizéiert. Ongeféier ëm déi selwecht Zäit verschafft hien de Sujet eng zweete Kéier als Sinfonie. E Wierk, dat d'Staatskapelle Weimar elo ënner der Direktioun vum Kirill Karabits opgeholl an op CD publizéiert huet.