CD-Klassik
De Gesang vun enger Klarinett
D'Klarinettiste si sech net eens. Mat wéi enger Klarinett soll een dem Mozart seng Wierker spillen? Mat de Bassetthörner vu gëschter, mat de Bassett-Klarinetten oder de Klarinette vun haut? Ass historesch Opféierungspraxis wierklech wichteg? Den Dirk Altmann, Solo-Klarinettist vum SWR Sinfonieorchester, huet de Choix gemaach, op enger moderner Bassett-Klarinett Stécker vum Wiener Meeschter anzespillen - aus Respekt virun der Originalpartitur, mee mat der Instrumententechnik vun haut.