arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng phenomenal Symphonie fantastique
Quasi all groussen Orchester huet dem Hector Berlioz seng "Symphonie fantastique" eng Kéier gespillt. Eng ganz Rei dovun huet dëst Wierk och schonn opgeholl an op CD publizéiert. Datt een Orchester dëst Wierk awer direkt zweemol mat just engem Dirigent ophëlt, ass dogéint méi seelen. Dëst Experiment hunn elo de François-Xavier Roth an den Orchester Les Siècles gewot. D'Resultat ass phenomenal, seet de Remy Franck.