CD-Klassik
Vergiesse Romantik aus der Schwäiz
A ville Bibliothéike ronderëm d'Welt ginn et Partituren, déi ze entdecke bleiwen, wéi an der Zentralbibliothéik vun Zürich, déi Stécker vum Hans Huber a vum Hermann Goetz archivéiert huet, zwee Komponisten aus dem Iwwergang vum 19. op d'20. Joerhonnert. De Schwäizer Trio Fontane huet an Zesummenaarbecht mat der Zürecher Zentralbibliothéik en Disk mat Wierker vu béide Komponisten erausginn.