Aus dem Escher Conservatoire kennt e vrun allem d'Brass Band. Et gëtt awer och e grousse Blechbléiserensemble, deen an der Kammermuseksklass vum Claude Origer, Professer fir Trombone, entstanen ass. Dësen Ensemble proposéiert en nächste Sonndeg (2.2.2020) zu Monnerech an der Kierch e Concert zesumme mat Schüler aus der Uergelklass vum Paul Breisch.
arrow_back_ios