arrow_back_ios
CD-Klassik
E vergiessene Spéitromantiker
De Ferdinand Pfohl war am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert e Musekskritiker, dee respektéiert a gefaart gouf, den däitsche Pendant vum strengen Eduard Hanslick. De Pfohl war awer och een unerkannten Pedagog a Komponist, deen haut quasi vergiess ass. Déi Bonner Pianistin Jamina Gerl huet elo dräi Kompositioune vum Pfohl fir d'alleréischt op CD opgeholl.