CD-Klassik
Wa Stären Musek ausstralen
"Brillez, Astres Nouveaux!" ass en Air aus der Oper "Castor et Pollux" vum Jean-Philippe Rameau an och den Titel vun engem Disk erauskomm bei Aparté, op deem et net just ëm de Rameau geet, mee och seng Zäitgenosse Mondonville, Boismortier, Leclair a Bury. Et si Komponisten, déi deemools fir d'Académie royale de musique vu Paräis, de Virgänger vun der Paräisser Oper, geschriwwen hunn, fir d'Monarchie an déi besser Gesellschaft mat fantastesche musikalesche Spektakelen ze ënnerhalen. De Manuel Ribeiro huet den Disk mat der Sopranistin Chantal Santon Jeffery, dem Purcell Choir an dem Orfeo Orchestra gelauschtert.