CD-Klassik
En Zäitgenosse vum Beethoven
De Franz Joseph Clement war e fantastesche Virtuos, dee Geiist, deen dem Beethoven säin eenzege Concerto fir d'Instrument uropgeféiert huet. De Frënd vum däitsche Meeschter war awer och selwer Komponist an huet ënner anerem zwee Geieconcerti hannerlooss, déi mat vill Charme an d'Klassik verweisen awer och scho Spuere vu Romantik hunn. D'Geiistin Mirijam Contzen huet dës zwee Concerti vum Franz Joseph Clement fir de Label Sony Classical opgeholl.