CD-Klassik
Isis aus den Ae vum Dirigent Christophe Rousset
Mat der Barockoper "Isis" fiert den Dirigent Christophe Rousset mam Ensembel Les Talents lyriques weider mat sengem Zyklus vu lyresche Bünewierker vum Jean-Baptiste Lully. D'Oper Isis gouf wéinst sengem skandaléise Charakter deemools séier vergiess, mee kennt zanter enger Partie Joren nees e verdéngte Revival duerch Disken- a Büneproduktiounen.
Eng dovu koum elo op duebelem CD eraus. Weider dobäi de Choeur de chambre de Namur an eng Partie Sänger spezialiséiert am Barock.
De Manuel Ribeiro huet sech vun der Opnam e Bild gemaach.