CD-Klassik
Dem Beethoven seng "Unsterblich Geliebte"
Am Beethoven Joer dierft ee gespaant sinn iwwer all déi Opnamen, déi erauskomme mat och Wierker vum Däitsche Meeschter, déi nëmmen ze seelen opgeféiert ginn.
Op dem Disk "Immortal Beloved" proposéiert d'Sopranistin Chen Reiss verschidden Arien oder Stécker fir Gesangstëmm an Orchester vum Däitsche Meeschter, an där d'Fraestëmm oder -roll am Mëttelpunkt steet. D'Sängerin gëtt begleet vun der faméiser Academy of Ancient Music, ënner der Direktioun vum Richard Egarr.
De Manuel Ribeiro mam CD-Tipp.