arrow_back_ios
CD-Klassik
Schluss vun enger Strauss-Trilogie
Mat der "Alpensinfonie" an "Tod und Verklärung" proposéieren de Vasily Petrenko an den Oslo Philharmonic de leschten Disk aus hirer Strauss-Serie, déi bis elo gréisstendeels gutt ukoum. Dës lescht Produktioun hëlt eis musikalesch mat op zwee Sommeten: dee vun den Alpen an dee vun enger intensiver Beschäftegung mam Doud.