CD-Klassik
Eng weider "Unvollendete"
De Franz Schubert gehéiert zu deene Komponisten, déi vill Stécker net fäerdeg geschriwwen hunn. Esou ginn et och Opere vum Wiener Komponist, déi an deene leschte Jore vu Musekolog rekonstruéiert goufen. "Sakontala" ass eng Oper, déi de Schubert 1820 ugefaangen, mee a Form vu Fragmenter leie gelooss huet. D'Fragmenter huet den Dän Karl Aage Rasmussen erëmfonnt a rekonstruéiert. Dës Versioun ass elo op CD erauskomm. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.