arrow_back_ios
CD-Klassik
Two Lutes with Grace
Wa vun Aler Musek rieds geet, denkt ee meeschtens un d'Barockmusek an hir Interpretatioun op eng historesch korrekt Manéier. Vergiess gëtt gären, datt et virum Barock och nach Renaissance- a Mëttelaltermusek gëtt, een Domaine, an deem sech de Luthist Marc Lewon besonnesch auskënnt. Hien exploréiert dëse Repertoire mat sengem Ensemble Leones oder an Trio-Formatioun, wéi op där neier CD-Produktioun "Two Lutes with Grace".