arrow_back_ios
CD-Klassik
Incantation
Fir den Disk "Incantation" beim Label Aparte huet de Geievirtuos Virgil Boutellis-Taft sech ee meditative Programm erausgesicht. Domat gëtt d'Gei net wéi dacks vun hirer virtuoser mee éischter vun hirerméi lyrescher Säit gewisen. Fir dës Opnam war de Royal Philharmonic Orchestra mam Dirigent Jac van Steen mat an d'Boot geklommen. En interessanten Disk mat ville Qualitéiten, mee och e puer Schwächten. De Manuel Ribeiro huet an d'CD eragelauschtert.