Panorama
Panorama
13 min
Zu Lëtzebuerg ginn et elo 1.099 konfirméiert Fäll vum neie Coronavirus. Dat huet de Gesondheetsministère virun e puer Minutte matgedeelt
D'Unioun vun de Propriétairen gëtt nach keng Recommandatioun un hir Memberen, datt si op Loyere vu Commercë solle verzichten
Och a Krisenzäiten ass d'Hëllef vun de Rettungsservicer garantéiert an och d'Gemenge funktionéieren: dat war den duebele Message haut vun der Inneministerin Taina Bofferding am Kontext vum Ausbreede vum Corona-Virus
Den Service SOS-Détresse kritt am Duerchschnëtt 30 % méi Uriff wéi an normalen Zäiten
D'Olympesch a Paralympesch Spiller zu Tokyo gi wéinst der Corona-Kris ëm ee Joer verluecht