Panorama
Panorama
48 min
1.333 confirméiert Corona-Infektiounen, dat ass de leschte Bilan zu Lëtzebuerg, deen de Premierminister Xavier Bettel am spéiden Nomëtteg virun der Press matgedeelt huet
D'Regierung gesäit néng Milliarden Euro vir, fir d'Wirtschaft virun de Suitte vun der Corona-Kris ze schützen
Dräi vun de véier Centre de soins avancés hei am Land sinn an tëschent operationell
De Stater Geschäftsverband mécht en Appell un d'Supermarchéen, nëmme Liewensmëttel-Produiten unzebidden, an d'Regaler mat anere Produiten zouzemaachen. Doduerch wären nämlech aner, méi kleng Commercë benodeelegt, déi hu missten hir Dieren zoumaachen
D'Situatioun un der däitsch-Lëtzebuerger Grenz hätt sech zanter der Aféierung vun de Grenzkontrollen e Méindeg virun enger Woch berouegt: Et géif vill manner Stau ginn, an et misst ee manner Leit ofweisen, ass de Constat vun der Bundespolice Tréier
Op der ganzer Welt ginn et elo offiziell 19.246 Doudesaffer. An et gi bal 428.000 Infektiounen an 181 Länner. Dat ass de leschte Bilan vun der John Hopkins Universitéit an den USA
Den US-President Donald Trump seet, hie wëllt en Deel vun der amerikanescher Wirtschaft scho fir Ouschteren nees un d'Rulle kréien, dëst trotz enger alarmanter Unzuel u Covid-19 Fäll an den USA an dem Rot vun allen Experten, datt d'Land sech muss drop konzentréieren, fir d'Pandemie ze bremsen