Panorama
Panorama
13 min
8,8 Milliarden Euro, ronn 14 Prozent vum PIB, mobiliséiert de Staat, fir d'Ekonomie an der Corona-Kris ze stäipen, "Mir bekëmmeren eis ëm all d'Betriber", sot de Wirtschaftsminister Franz Fayot
Vermësstemeldung: 64-Joer ale Louis François Atzori gëtt vermësst
Rebellioun am Prisong gëschter Owend, 25 Prisonéier hu randaléiert, éischten Informatiounen no wier kee blesséiert ginn, esou d'Police
D'Preparatioune vu Gesondheetssystem op den Héichpunkt un der Pandemie gi virun, déi véier Spideeler kréie jeeweils en neie Scanner, well op de Biller vun de Longen e Befund vu Covid-19 ze erkenne wier, sou d'Gesondheetsministerin
Schengen Akkord gouf viru 25 Joer ënnerschriwwen
Spuenie verlängert Ausgangsspär ëm zwou Wochen
Nei Infektiounen an Italien ëm 7,5 Prozent geklommen, déi niddregst Hausse zanter Ufank vun der Pandemie an Italien
D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt, et wier geféierlech, d'Restriktiounen, déi an der Kris gëllen, ze fréi opzehiewen
US Senat hëlt Hëllefspak fir Corona-Kris vun 2,0000 Milliarden US Dollar un, Representantenhaus soll muer doriwwer ofstëmmen