arrow_back_ios
CD-Klassik
Zwee belsch Komponisten
Den Auguste Dupont war Pianist a Komponist an huet vun 1850 un am Conservatoire Royal vu Bréissel enseignéiert. Och de Peter Benoit, deen e Prix de Rome gewonnen hat, huet virun allem eng Karriär als Pedagog an Direkter vum Conservatoire vun Antwerpen gemaach. Opname mat Musek vum Auguste Dupont a Peter Benoit si seelen, an et ass ze begréissen, datt elo en Disk erauskoum mat zwee Wierker fir Piano mam Pianist Howard Shelley. Den CD-Tipp vum Remy Franck.