CD-Klassik
555 Sonaten
555 Sonaten huet den Domenico Scarlatti geschriwwen. Ëmgerechent op déi 72 Joer, déi de Komponist gelieft huet, läit d'Moyenne bei 7,7 Sonate pro Joer. E bësse méi séier wéi d'Komponéiere geet d'Ophuele vun dëse Wierker. Zanter 2011 bréngt de Pianist Christoph Ullrich reegeméisseg Duebelalbe mat de Sonate vum Scarlatti eraus, mam Zil all 555 Stécker op CD anzespillen. Nodeems hie well d'Numeren 1, 2, 3, 11, 14 a 15 publizéiert huet, ass et elo um véierte Volume mat den 30 Sonate K. 147 bis K. 176.