Panorama
Panorama
De Regierungsrot soll muer Konklusiounen zéien, wéi d'Restriktiounsmesuren hei am Land progressiv méi labber kënne gemaach ginn, dat hunn gutt informéiert Sourcen dem Radio 100,7 confirméiert
Uni.lu an hir Bibliothéik bleiwe bis Enn vum Summersemester am Télé-travail
Internationale Währungsfong projezéiert, d'Weltwirtschaft géif wéinst dem Coronavirus méi staark abriechen (minus 3 Prozent vum globale PIB) wéi no der Finanzkris 2008-2009
13 Gemengen aus dem Museldall fuerderen datt d'Grenzen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg nees opgemaach ginn
Verschidden EU Länner, dorënner Éisträich, hunn verschidde Restriktiounen ënnert strengen Oploen nees opgehuewen, an Éisträich gounge vill Geschäfter nees op
Militärfliger fir Lëtzebuerger Arméi A400M ass eng éischte Kéier zu Sevilla an d'Luucht gaangen
UNICEF warnt, datt d'Riedele bei Kanner wéinst der Coronavirus-Pandemie riskéieren, nees zouzehuelen
Bei der Konscht Bienale d'nächst Joer zu Venedeg gëtt Lëtzebuerg duerch d'Tina Gillen an hiert Wierk "Faraway So Close" vertrueden