Panorama
Panorama
De Regierungsrot soll muer Conclusiounen zéien, wéi d'Restriktiounsmesuren hei am Land progressiv méi labber kënne gemaach ginn, dat hu gutt informéiert Sourcen dem radio 100,7 confirméiert
Regierung huet bis elo ronn 370 Milliounen Euro fir Chômage partiel deblockéiert, esou den Aarbechtsminister Dan Kersch
Nei Helpline fir Affer vu Gewalt doheem
Uni.lu an hir Bibliothéik bleiwe bis Enn vum Summersemester am Teletravail
Internationale Wärungsfong projezéiert, d'Weltwirtschaft géif wéinst dem Coronavirus méi staark abriechen (minus dräi Prozent vum globale PIB), wéi no der Finanzkris 2008-2009
13 Gemengen aus dem Museldall fuerderen, datt d'Grenzen tëschent Däitschland a Lëtzebuerg nees opgemaach ginn
Verschidden EU Länner, dorënner Éisträich, hu verschidde Restriktiounen ënner strengen Oploen nees opgehuewen, an Éisträich gounge vill Geschäfter nees op
Militärfliger fir Lëtzebuerger Arméi A400M ass eng éischte Kéier zu Sevilla an d'Luucht gaangen
UNICEF warnt, datt d'Riedele bei Kanner wéinst der Coronavirus-Pandemie riskéieren, nees zouzehuelen
Bei der Konschtbiennale d'nächst Joer zu Venedeg gëtt Lëtzebuerg duerch d'Tina Gillen an hiert Wierk "Faraway So Close" vertrueden