CD-Klassik
Déi slawesch Séil
De klasseschen Oktett ass u sech näischt Aneres wéi d'Besetzung vun zwee Sträichquartetter. Trotz Beméiunge vu verschiddene Komponisten huet sech dës Formatioun an der Kammermusek ni richteg duerchgesat. Ënner dem Titel "Slavic Soul" huet den Oberton String Octet Wierker vum Dmitri Schostakowitsch, Nikolai Afanasyev a Reinhold Glière op Disk opgeholl. Musikalesch, wéi och vun der Tounqualitéit hier, ass den Disk ganz gelongen, mengt de Manuel Ribeiro am CD-Tipp.