Panorama
Panorama
D'Zuel vun de confirméierten Infektioune mam neie Coronavirus zu Lëtzebuerg ass op 3.537 geklommen. Et ass zanter gëschter awer keng weider Persoun gestuerwen
An der Chambersëtzung am Cercle an der Stad gouf et de Muere gréng Luucht fir d'Gesetz iwwer staatlech Garantië fir Kreditter vu Banken u Betriber, déi wéinst der Corona-Kris a Schwieregkeete sinn
De Staat huet bis elo 440 Milliounen Euro un Avancen ausbezuelt un Entreprisen, déi Kuerzaarbecht ugefrot hunn
Ronn 2 Milliounen an 265.000 Mënsche goufen op der ganzer Welt bis elo positiv op den neie Coronavirus getest. De Bilan vun den Doudesaffer läit bei iwwer 156.000
A Groussbritannie si méiglecherweis Dausende Persounen an Alters- a Fleegeheemer un de Suitte vun der Longekrankheet verscheet. Bis ewell ginn déi Zuelen net an den offizielle Statistike matgezielt.
Zu Mulhouse am Elsass kann en Arméispidol zum Deel nees ofgerappt ginn, dat als Intensivstatioun fir Covid-Patienten déngt. En Deel vun de Better gëtt net méi gebraucht