arrow_back_ios
CD-Klassik
En transparente Klang an eng grouss Prezisioun
Den éisträichesche Pianist Florian Feilmair setzt sech op sengem aktuellen Disk mat Variatioune vum Ludwig van Beethoven auserneen. Um Programm stinn ënnert anerem d'Sonat Opus 111 mat hirem grousse Variatiounssaz, an déi 15 Eroika-Variatiounen. De Florian Feilmair iwwerzeegt dobäi duerch säin transparente Klang an d'Prezisioun, déi hien och an den héijen Tempi bäibehält, mengt de Luc Boentges