Klassik aktuell
Franz Léhar, Meeschter vun der Operett
De Franz Léhar war ee vun de Kinneke vun der Wiener Operett an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert. Mee näischt huet an der éischter Karriär vum jonke Militärmuseker drop higewisen, datt de Komponist enges Daags mat sengen Operette géing déi gréisste Weltbünen erueweren. "Die Lustige Witwe" ass haut nach eng vun deene populäersten Operetten, déi reegelméisseg opgeféiert ginn. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vum Franz Léhar, deem säin 150. Gebuertsdag, muer Donneschdeg gefeiert gëtt.