CD-Klassik
Stages of Life
Den Ole Bull war ee vun de grousse Geievirtuosen am 19. Joerhonnert, virun allem awer ee vun den Initiateure vum Kulturliewen an Norwegen a grousse Fërderer vum Edvard Grieg. Seng eege Kompositioune sinn duerchsat mat Elementer vun der Volleksmusek, och déi Wierker, déi op där neier Produktioun "Stages of Life" ze héiere sinn, mam Geiist Annar Follesö, dee schonn dem Bull säi Geieconcerto als éischten iwwerhaapt opgeholl hat.