Panorama
Panorama
Vu gëschter op haut goufen 28 Persounen hei am Land positiv op den neie Coronavirus getest, d'Zuel vun Doudesaffer bleift onverännert bei 89.
Déi Lëtzebuerger Wirtschaft geet dëst Joer wuel em op d'Mannst 6 Prozent zeréck, dovu ginn d'Regierung an de Statec aus.
Entreprisen déi mat falschen Deklaratioune Chômage partiel ugefrot hunn, oder déi e fir aner Saachen ausginn hunn, wéi d'Salairë vun hire Mataarbechter, mussen déi Zomm, déi se kruten, integral zeréck bezuelen a kréien de Chômage partiel mat effet immédiat ewech geholl.
Vun e Méindeg un dierfen d'Dokteren an Zänndokteren nees hir Praxissen opmaachen. Dat ënner ganz extraen Oplagen, huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert annoncéiert.
D'ADR fuerdert weiderhin, datt d'Schüler op fräiwëlleger Basis sollte kënnen um Schoulunterrécht deelhuelen, dofir misst och de Congé pour raisons familiales verlängert ginn.
D'Cargolux huet zejoert 90% manner Gewënn gemaach, wéi nach 2018. Wärend der Coronakris leeft et fir déi Lëtzebuerger Cargo-Gesellschaft awer gutt.
Weider Diskussiounen ëm dee geplangte CGDIS-Zenter zu Beetebuerg: Den DP-Deputéierte Gusty Graas reprochéiert der Inneministesch, falsch Aussoen an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro gemaach ze hunn.