Panorama
Panorama
Zanter gëschter Owend sinn zwou weider Persounen um Covid-19 verscheet, am Ganze ginn et hei am Land elo 98 Doudesaffer duerch den neie Coronavirus. D'Zuel vun de confirméierten Nei-Infektiounen ass dogéint ëm nëmmen 11 op 3.851 geklommen
De Regierungsrot huet haut gréng Luucht gi fir eng nei eemoleg an net remboursabel Hëllef fir Independanten
An der Chamber ware sech d'Deputéiert eens, datt d'Coursen an de Schoule sollen ufänken, sou wéi et bis elo virgesi war, also den 11. Mee fir d'Lycéeën an de 25. Mee an der Grondschoul
D'Enseignantsgewerkschafte sinn net zefridde mat verschidde Punkten an der Organisatioun vun dëser Rentrée
D'Horesca fuerdert ee konkreten Datum fir d'Ouverture vum Secteur. D'Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetiere bedauert, datt d'Restaurants-Betriber nach weider dräi Woche musse waarden, éier eng Decisioun geholl gëtt
An Däitschland gëtt d'Exit-Strategie weider geféiert: Vun e Méindeg u ginn all d'Schoulen a Butteker nees op an an den nächste Woche gëtt et och eng Reprise am Fussball
An der Belsch sinn déi sportlech Competitiounen nach bis den 31. Juli all ofgesot, e Méindeg maachen och do d'Butteker nees op
De Gros vun de Frontaliere fillt sech wuel zu Lëtzebuerg. Dat geet aus engem Sondage vun TNS-ILRES ervir, dee vun der ASTI beoptraagt an haut presentéiert gouf