CD-Klassik
D'Eroïca vum Beethoven
De Beethoven war als jonke Mann e begeeschterten Unhänger vun der Franséischer Revolutioun a spéider och e Bewonnerer vum Napoléon. Allerdéngs sollt de Napoléon fir de Beethoven eng grouss Enttäuschung ginn. Seng 3. Symphonie - Eroica - war dem Napoléon gewidmet, mee de Beethoven zitt d'Widmung zeréck, nodeems de sech als Keeser gekréint hat. Déi drëtt Symphonie an d'Ouverture Egmont sinn op engem neien Disk beim Label Gramola reauskomm. Den CD-Tipp. vum Remy Franck