Klassik aktuell
De Gustav Mahler etabléiert sech zu Wien
De Gustav Mahler ass haut gréisstendeels als Komponist bekannt. Zu Liefzäite gouf hie fir d'éischt als Dirigent, deen och komponéiert, ugesinn an eréischt méi spéit als Komponist, deen dirigéiert. Dëse Wandel huet de Mahler als Direkter vun der Haffoper zu Wien duerchgemaach, eng Plaz, déi hie wéinst senge Fäegkeeten als Dirigent krut, an déi hien den 11. Mee 1897 déi éischte Kéier zu Wien ënner Beweis gestallt huet.