Klassik aktuell
De Papp vun der tschechescher Musek
Déi bekanntste Wierker vum Bedrich Smetana si seng Oper "Die verkaufte Braut" an den Zyklus "Mein Vaterland", an där een déi faméis symphonesch Dichtung "Die Moldau" héiert. Et ass net fir näischt, datt de Bedrich Smetana haut nach als Papp vun der tschechescher Musek bezeechent gëtt.
All Joer gëtt den 12. Mee zu Prag op sengem Doudesdag mat vill Musek un de Komponist erënnert. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vum Bedrich Smetana.