arrow_back_ios
CD-Klassik
Dem Max Reger seng Kammermusek
Et ass u sech ongerecht, datt e Komponist wéi de Max Reger esou wéineg gespillt gëtt. Seng Musek ass déi logesch Kontinuitéit vun der däitscher Romantik mam Brahms, mat staarke Spuere vun der Spéitromantik. Zemools seng Kammermusek verréit, wéi modern de Max Reger zu senger Zäit war. Fir säin neien Disk huet den Diogenes Quartett eng Partie Gäscht ageluede fir zwee grouss Wierker vum Max Reger anzespillen. Den CD-Tipp vum Manuel Ribeiro