Klassik aktuell
Apollo et Hyacinthus
Nodeems de Wolfgang Amadeus Mozart duerch Europa gereest ass a säi musikalescht Talent bei Kinneken an Adelegen demonstréiert huet, war a senger Heemecht nëmme méi wéineg vun him rieds. Nees zeréck zu Salzburg sollt ënner anerem d'Bünewierk "Apollo et Hyacinthus" dës Situatioun änneren. D'Uropféierung huet de Komponist den 13. Mee 1767 am Alter vun nëmmen eelef Joer an der Universitéit vu Salzburg gefeiert.