CD-Klassik
Virun allem de Chouer an den Orchester
Den éischte Präis bei engem Kompositiounsconcours huet der Opereliteratur eng vun deene leidenschaftlechste Geschichten iwwerhaapt geschenkt: "Cavalleria rusticana" vum Pietro Mascagni. Den Eenakter mat sengem wonnerbare symphoneschen Intermezzo gehéiert haut zu deenen am meeschte gespillten Operen, dacks gekoppelt mat "Pagliacci" vum Ruggiero Leoncavallo. Elo gëtt et eng nei Opnam vun der "Cavalleria rusticana", de Matschnëtt vun enger konzertanter Opféierung.