Panorama
Panorama
Kee globaalt Pandemie-Gesetz, ma e spezifescht Covid-19 Gesetz soll nom Enn vum Etat de crise d'Coronakris encadréieren, war et de Mueren d'Annonce no enger Entrevue tëscht Ministeren a Chamberbüro souwéi Presidentekonferenz.
Zanter dem 30. Abrëll goufen et keng nei Fäll vu Covid-19 an den Alters-a Fleegeheemer am Land.
Den Transportminister François Bausch verdeedegt d'Nominatioun vum Gilles Feith als neie Luxair-Generaldirekter.
Vun e Samschdeg u sinn d'Grenzen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg nees op, et gi keng Kontrolle méi gemaach, war et d'Annonce vun der Regierung zu Berlin.
D'Gesondheetskeess CNS huet de Moien an hirer Verwaltungsrotssitzung decidéiert allen Dokteren fir hir Leeschtungen an deene leschten zwee Méint 80 Stonnen zum Forfaitstariff vun 236,40 Euro d'Stonn als Avance auszebezuelen
4,2 Prozent vun der Populatioun hei am Land lauschteren de radio 100,7. Dat geet aus der neier Plurimedia-Etude ervir.